Me Jean KAUFFMAN

Avocat à la Cour

De Me Jean KAUFFMAN huet eng Maîtrise en droit privé vun der Universitéit vu Grenoble.

Hien gouf 1980 assermentéiert an huet seng Karriär an enger vun de groussen Etüden zu Lëtzebuerg ugefaangen, ier hien 1983 an d’Etüd komm ass.

Hien war Member vum Conseil de l’Ordre vun den Affekooten vun 1993 bis 1995, an dann nach eng Kéier vun 2006 bis 2011.

Vu 2007 bis 2009 war hie Bâtonnier vum Ordre des avocats vu Lëtzebuerg.

Vu 2015 bis 2021 war hie Member vum « Conseil Disciplinaire et Administratif des Avocats du Luxembourg », wou hie vun 2017 bis 2021 de Präsident wor.

Hien ass spezialiséiert a bekannt fir seng Expertise an der Entschiedegung vum kierperleche Schued, am Immobilienrecht, am Locatiounsrecht an am Obligatiounsrecht.


Seng Sprooche si Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.