Me Monique WIRION

Avocat à la Cour

Me Monique WIRION huet eng Maîtrise am droit privé vun der Universitéit vu Grenoble. Si gouf 1980 assermentéiert an ass dat selwecht Joer an d’Etüd komm.

Si war Member vun der „Conférence du Jeune Barreau » a vum Conseil de l’Ordre vun den Affekoten.

Si ass de Moment och Member vun der Kommissioun fir d’Entschiedegung vun de Affer vun Strofdoten zu Lëtzebuerg.

Si ass och als Expert-Calculeur assermentéiert fir d’Entschiedegung vun Affer vun Accidenter respektiv vu Strofdoten auszerechnen.

Si ass spezialiséiert a bekannt fir hir Kompetenzen am Ierfschaftsrecht, am Familljerecht (virun allem an der Scheedung, Adoptiounen an Tutellen/Curatellen), am Zivilrecht, am Versécherungsrecht an an der Entschiedegung vum kierperlechem Schued.


Si schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.