Tätegkeets­beräicher

Zënter der Grënnung ass d'Etüd op Versécherungsrecht a virun allem op d’Entschiedegung vu kierperleche Schued, Zivilrecht am Allgemengen (de Fokus op Obligatiounsrecht) an den Adoptioune spezialiséiert. D'Etüd beréit weiderhin seng Clienten an allem wat d'Versécherungsrecht an d’Entschiedegung vum kierperlechen Schued ugeet, awer och an Responsabilitéitsfroen (vertraglech oder deliktuell), am Ierschaftsrecht, am Familljerecht (virun allem a Scheedungen, Adoptiounen an Tutellen/Curatellen), am Bau- an Locatiounsrecht an am Aarbechtsrecht.

FAMILLJEN- A SCHEEDUNGS­RECHT

  • Scheedungsprozeduren (consentement mutuel oder rupture irrémédiable)
  • Liquidatioun an Opdeelung vum Régime matrimonial
  • Partnerschaften a Trennungen
  • Froen iwwert d’Autorité parentale
  • Festleeë vum Besuchsrecht
  • Vaterschaftsprozesser (Unerkennung oder Bestreide vun enger Vaterschaft)
  • Adoptiounen (einfach oder voll)
  • Schutz vu Mannerjäreger a Erwuessenen (Curatelle, Tutelle, gesetzleche Schutz)

IERSCHAFTEN A DONATIOUNEN

  • Liquidatioun an Opdeelung vun Ierfschaften
  • Schenkungen tëscht Liewegen
  • Allgemeng juristesch Berodung

RESPONSABILITÉIT

  • Deliktuell Responsabilitéit (Entschiedegung vum kierperleche Schued)
  • Haftung bei Verkéiersaccidenter oder aneren Accidenter
  • Kontraktuell Responsabilitéit (Net-Ausféierung oder schlecht Ausféierung vun engem Kontrakt)
  • Responsabilitéit am Bauwiesen (geriichtlech Expertise, Baumängel, Baufeeler, gesetzlech Garantien, asw.)

LOCATIOUNS­RECHT

  • Opstelle/Ofschléisse vu Locatiounskontrakter (Wunn- oder kommerziell)
  • Réckfuerderung vun onbezuelte Loyeren
  • Opléise vu Locatiounskontrakter (d’un commun accord oder iwwert d’Geriicht)
  • Déguerpissement

SCHOLDEN­ANDREIWUNG

  • Prozedure géint net-kooperativ Scholdner
  • Duerchféierung vun nationalen an internationalen Urteeler
  • Saisien (salaire, immobilière, bancaire asw.)
  • Insolvenzerklärungen oder geriichtlech Liquidatiounen
  • Déclarations de créance

AARBECHTSRECHT

  • Opstelle vun Aarbechtskontrakter
  • Konflikter tëscht Salarié an Employeur
  • Ausféierung vun Aarbechtskontrakter (Krankheet, onbezuelte Salaire, Belästegung, asw.)
  • Kënnegung (mat Préavis oder ouni), Demissioun, oder am béidsäitegem Averständnis
  • Transaktiounen tëscht Salarié an Employeur

ADMINISTRATIVEN CONTENTIEUX