D'Etüd
D'Etüd ass bekannt fir hire perséinleche Kontakt mat de Clienten, hir Verfügbarkeet, hir Reaktiounsfäegkeet, hir Effikassitéit a vir d‘Qualitéit vun der juristescher Berodung.
Me Edmond Wirion, Grënner vun der Etüd
Historique
De Me Edmond Wirion, Grënner vun der Etüd, gouf 1940 als Affekot vereedegt.
Nom 2. Weltkrich, huet hien, no sengem Stage, 1948 seng eegen Etüd gegrënnt, mat Büroe fir d’éischt um Limpertsberg an ab 1952 an der Staat op der Theaterplaatz, wou d’Etüd bis haut nach ass.
Hie war Member vum Conseil de l’Ordre an duerno Bâtonnier vun 1978-1980.
Zënter der Grënnung ass d'Etüd op Versécherungsrecht a virun allem op d’Entschiedegung vu kierperleche Schued, Zivilrecht am Allgemengen (de Fokus op Obligatiounsrecht) an den Adoptioune spezialiséiert.
De Me Edmond Wirion war och als Expert-Calculateur vun de Geriichter assermentéiert fir d’Entschiedegung vun Affer vun Accidenter respektiv vu Strofdoten auszerechnen.
1980 ass seng Duechter, Me Monique Wirion, an d'Etüd komm, an 1983 säi Schwéierjong Me Jean Kauffman.
Zënterdeem heescht d'Etüd WIRION & KAUFFMAN.
2017 ass de Me François Kauffman (de Enkel vum Me Edmond WIRION an de Jong vum Monique WIRION an Jean KAUFFMAN) an d'Etüd komm nodeems hien iwwer zwee Joer an enger vun de groussen Etüden zu Lëtzebuerg geschafft huet.
D'Etüd beréit weiderhin seng Clienten an allem wat d'Versécherungsrecht an d’Entschiedegung vum kierperleche Schued ugeet, awer och a Responsabilitéitsfroen (vertraglech oder deliktuell), am Ierfschaftsrecht, am Familljerecht (virun allem a Scheedungen, Adoptiounen an Tutellen/Curatellen), am Bau- a Locatiounsrecht an am Aarbechtsrecht.
Si probéiert ëmmer pragmatesch Léisunge fir all Fro/Probleem ze fannen, a probéiert, wa méiglech, de Fokus op aussergeriichtlech Léisungen ze leeën, fir sou wäit wéi méiglech Prozesser vir Geriicht mat ongewëssen Ausgang z‘evitéieren.